Dschungel Kolonie

Flèche de direction du slider - DroiteRetour à tous nos évènements

Dschungel Kolonie

18 / 05 / 2024

Mir ginn zesummen an den Dschungel! Entdeck mat eis d’Liewen am Dschungel, wéi een mat selwer gebastelten Instrumenter Musek mecht an huelt um spannenden Rallye duerch den Dschungel deel! 

Den Mowgli ass verschwonnen a gouf fir d’Lescht am Lëtzebuerger Dschungel gesinn. Dofir bräuchen mir déng Hëllef, fir mat eis zesummen den Mowgli erëmzefannen. Op deser spannender Sich muss du mat eis zesummen vill verschidde Rätsele léisen a kniffleg Missioune bestoen, Team-Work ass ugesot. 

Geplangt sinn super Out- an Indoor-Aktivitéiten déi deng Vakanz zum High-Light vum Joer maachen! 

Ausserdeem erwaart dech op deser Rees een Ausfluch an den Kloterpark. Well eis d’Wuel vun den Kanner dat wichtegst ass, steet d’Sécherheet op éischter Platz! Dofir gin all eis Animateure mat op den Parcours. All eis Aktivitéiten sinn un den Alter vun den Kanner ugepasst. 

Eis Animateure freeën sech dech op der Kolonie begréissen ze kennen

Découvrez d'autres évènements

Kolonie mam Beschten Frend vum Mensch

01 / 08 / 2024

Du hues Hënn immens gär ? Dann huel un der dretter Editioun vun eisem Camp zum Thema Hënn deel ! Zesummen mat enger Hondstrainerin bréngen mir den Kanner mat Freed an op spilleresch Art an Weis den harmoneschen an verantwortungsvollen Ëmgang mam « beschten Frënd vum Mënsch » bäi.

Léier d’Kierpersprooch vun den Hënn richteg liesen, baack Hondsleckerlien, léier wéi een Tricks bäibréngt, Agility an wéi een den Hond richteg fleegt. Maach den Hondsführerschäin an vill flott Spiller. 

Dech erwaarden veier Deeg vollgepaakt mat Aktivitéiten, alles ronderëm d’Thema Hond, a villes méi! Huel un eisen Owes-Fakelwanderungen duerch den Park deel an erlief mat eis eng onvergiesslech Zäit. 

Eis Animateuren freeën sech dech op dëser Kolonie zu begréissen!

En savoir plus

Ennerwaasserwelt Atlantis

19 / 07 / 2024

Wëllkomm an der Ënnerwaasserwelt Atlantis! D’Legend seet, dass Atlantis eng schéin Insel war. D’Bewunner ware räich an hate vill Selwer a Gold. Bis deen Dag wou d’Insel ennergaang ass an ni méi gesi gouf. Haut gelt des Insel nach ëmmer als Mythos. Jiddereen wees vun der geheimnisvoller Insel mee fonnt gouf se bis haut nach net. Mir ginn elo op d’Sich no Atlantis a brauchen dobäi deng Hëllef! 

Alles dréint sech des besonnegt Woch ëmmt Waasser. Dech erwaarden véier Deeg vollgepaakt mat Waasserspiller, Waasserbommen-Volleyball, Waasserbommen-Pingpong, XXL Seeferutschbahn an villes méi! Huel un Fakelwanderungen duerch den Park deel an erlief mat eis eng onvergiesslech Zäit! 

Ausserdeem machen mir, vir déi Kanner déi wellen, een Ausfluch an d’Schwemm, den Nordpool zu Colmar-Bierg. Fir déi jonk Kanner hunn mir natierlech Äermercher an eis geschoulten Animateuren an déi lokal Schwammmeeschtere sin dobäi fir op d’Kanner opzepassen. 

Eist Team vun Animateuren a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen

En savoir plus

Sports Camp

31 / 05 / 2024

An eise klassesche Sports-Camps kanns du vill Sportaarten ausprobéieren wéi Basketball, Volleyball, Badminton, Fussball, Turnen, Dëschtennis, Bowling, Schwammen a villes méi! 

Ausserdeem maache mir ee Metten een Ausfluch op Amnéville an den Snowworld! Déi gréissten Schihaal vun ganz Frankräich! Kanns du Schi fueren? Oder hues Du loscht et auszeprobéieren? D’Schihaal huet ee Bierg fir fortgeschratt Schifuerer an ee klenge Bierg fir d’Ufänger. D’Material kritt jiddereen geléint an d’Schifueren gëtt professionell begleet vun de Schilehrer. 

All Daach kanns du dech an bis zu 4 verschidden Sportaarten aschreiwen a sou komplett selwer wielen wéi eng Sportaarten du am léifsten mache géifs wärend deser Kolonie. Léier eppes Neies kennen an huel un der Motorik-Olympiade deel! Hei op dëser aussergewéinlecher Kolonie kennt den Spaass definitiv net ze kuerz! 

Free dech op flott Spiller an Aktivitéite! Eng gemeinsam Faackelwanderung a Lagerfeier mat Marshmallows a Stockbrout. 

Eist Team vun Animateure a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen!

En savoir plus

Obelix & Asterix

04 / 05 / 2024

All Kand kennt den Asterix an Obelix. Sie sinn stark, schlau an mat hinnen gett et nie langweileg. Komm mat an hiert gallecht Duerf an erlief sou munch spannend Aventuren. 

Den Highlight : Treff den Obelix. Den Obelix an den Idefix hunn sech an eisen Bescher verlaaf. Hellef him nees den Wee heem ze fannen. 

Ausserdeem weise mir dir op desem flotte Camp, wéi du däin ejene Batik T-Shirt selwer machen kanns. 

Dech erwaart een Weekend voll Spiller an Aktivitéiten ! Seelzéien an d’Kraaft moossen, de berühmten Zaubertrank mat eis zesummen zoubereeden a schmaachen a mat op d’Juegt op Wellschwäin goen! 

Eis Animateuren freeën sech schon, dech hei begréissen ze kennen!

En savoir plus
Itinéraire