Nos évènements

Kolonie mam Beschten Frend vum Mensch

01/08/2024

Du hues Hënn immens gär ? Dann huel un der dretter Editioun vun eisem Camp zum Thema Hënn deel ! Zesummen mat enger Hondstrainerin bréngen mir den Kanner mat Freed an op spilleresch Art an Weis den harmoneschen an verantwortungsvollen Ëmgang mam « beschten Frënd vum Mënsch » bäi.

Léier d’Kierpersprooch vun den Hënn richteg liesen, baack Hondsleckerlien, léier wéi een Tricks bäibréngt, Agility an wéi een den Hond richteg fleegt. Maach den Hondsführerschäin an vill flott Spiller. 

Dech erwaarden veier Deeg vollgepaakt mat Aktivitéiten, alles ronderëm d’Thema Hond, a villes méi! Huel un eisen Owes-Fakelwanderungen duerch den Park deel an erlief mat eis eng onvergiesslech Zäit. 

Eis Animateuren freeën sech dech op dëser Kolonie zu begréissen!

En savoir plus

Ennerwaasserwelt Atlantis

19/07/2024

Wëllkomm an der Ënnerwaasserwelt Atlantis! D’Legend seet, dass Atlantis eng schéin Insel war. D’Bewunner ware räich an hate vill Selwer a Gold. Bis deen Dag wou d’Insel ennergaang ass an ni méi gesi gouf. Haut gelt des Insel nach ëmmer als Mythos. Jiddereen wees vun der geheimnisvoller Insel mee fonnt gouf se bis haut nach net. Mir ginn elo op d’Sich no Atlantis a brauchen dobäi deng Hëllef! 

Alles dréint sech des besonnegt Woch ëmmt Waasser. Dech erwaarden véier Deeg vollgepaakt mat Waasserspiller, Waasserbommen-Volleyball, Waasserbommen-Pingpong, XXL Seeferutschbahn an villes méi! Huel un Fakelwanderungen duerch den Park deel an erlief mat eis eng onvergiesslech Zäit! 

Ausserdeem machen mir, vir déi Kanner déi wellen, een Ausfluch an d’Schwemm, den Nordpool zu Colmar-Bierg. Fir déi jonk Kanner hunn mir natierlech Äermercher an eis geschoulten Animateuren an déi lokal Schwammmeeschtere sin dobäi fir op d’Kanner opzepassen. 

Eist Team vun Animateuren a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen

En savoir plus

Sports Camp

31/05/2024

An eise klassesche Sports-Camps kanns du vill Sportaarten ausprobéieren wéi Basketball, Volleyball, Badminton, Fussball, Turnen, Dëschtennis, Bowling, Schwammen a villes méi! 

Ausserdeem maache mir ee Metten een Ausfluch op Amnéville an den Snowworld! Déi gréissten Schihaal vun ganz Frankräich! Kanns du Schi fueren? Oder hues Du loscht et auszeprobéieren? D’Schihaal huet ee Bierg fir fortgeschratt Schifuerer an ee klenge Bierg fir d’Ufänger. D’Material kritt jiddereen geléint an d’Schifueren gëtt professionell begleet vun de Schilehrer. 

All Daach kanns du dech an bis zu 4 verschidden Sportaarten aschreiwen a sou komplett selwer wielen wéi eng Sportaarten du am léifsten mache géifs wärend deser Kolonie. Léier eppes Neies kennen an huel un der Motorik-Olympiade deel! Hei op dëser aussergewéinlecher Kolonie kennt den Spaass definitiv net ze kuerz! 

Free dech op flott Spiller an Aktivitéite! Eng gemeinsam Faackelwanderung a Lagerfeier mat Marshmallows a Stockbrout. 

Eist Team vun Animateure a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen!

En savoir plus

Dschungel Kolonie

18/05/2024

Mir ginn zesummen an den Dschungel! Entdeck mat eis d’Liewen am Dschungel, wéi een mat selwer gebastelten Instrumenter Musek mecht an huelt um spannenden Rallye duerch den Dschungel deel! 

Den Mowgli ass verschwonnen a gouf fir d’Lescht am Lëtzebuerger Dschungel gesinn. Dofir bräuchen mir déng Hëllef, fir mat eis zesummen den Mowgli erëmzefannen. Op deser spannender Sich muss du mat eis zesummen vill verschidde Rätsele léisen a kniffleg Missioune bestoen, Team-Work ass ugesot. 

Geplangt sinn super Out- an Indoor-Aktivitéiten déi deng Vakanz zum High-Light vum Joer maachen! 

Ausserdeem erwaart dech op deser Rees een Ausfluch an den Kloterpark. Well eis d’Wuel vun den Kanner dat wichtegst ass, steet d’Sécherheet op éischter Platz! Dofir gin all eis Animateure mat op den Parcours. All eis Aktivitéiten sinn un den Alter vun den Kanner ugepasst. 

Eis Animateure freeën sech dech op der Kolonie begréissen ze kennen

En savoir plus

Obelix & Asterix

04/05/2024

All Kand kennt den Asterix an Obelix. Sie sinn stark, schlau an mat hinnen gett et nie langweileg. Komm mat an hiert gallecht Duerf an erlief sou munch spannend Aventuren. 

Den Highlight : Treff den Obelix. Den Obelix an den Idefix hunn sech an eisen Bescher verlaaf. Hellef him nees den Wee heem ze fannen. 

Ausserdeem weise mir dir op desem flotte Camp, wéi du däin ejene Batik T-Shirt selwer machen kanns. 

Dech erwaart een Weekend voll Spiller an Aktivitéiten ! Seelzéien an d’Kraaft moossen, de berühmten Zaubertrank mat eis zesummen zoubereeden a schmaachen a mat op d’Juegt op Wellschwäin goen! 

Eis Animateuren freeën sech schon, dech hei begréissen ze kennen!

En savoir plus

Find Your Talent - Camp

20/04/2024

Du hues déng grouss Talenter nach net fonnt ? Oder du wëlls och nach aner Saachen ausprobéieren ? Dann bass du hei genau richteg ! All Dag ginn e puer Sportaarten, Hobbyen an Aktivitéiten proposéiert. 

Vu Kloteren, Schwammen, Danzen (mir léieren och een Danz zesummen wärend dëser Kolonie), Vëlo fueren, Dëschtennis, Trommel Workshop, Astronomie, Molen, Martial-Arts bis Akrobatik, Sangen an villes méi ! Begleet gëtt eist Team vu verschiddenen Experten aus Lëtzebuerg. 

Véier Deeg Spiller, Spaass an Abenteuer erwaarden DECH ! Schreif dech bei Atelieren an, test déi verschidden Sportaarten a fann raus waat déng verbuergen Talenter sin. Ausserdeem leiers du hei vill nei Frënn mat villäicht souguer de selwechten Interessen kennen ! 

Eist Team vun Animateuren a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen

En savoir plus

Ouschter Kolonie

04/04/2024

Den Hoppel sollt laanschtkommen fir mat eis Ouschter Eeër ze fierwen, mee wou bleift hien? Hëllef eis den Hoppel ze fannen! Hien weess sécher wou d’Ouschtereeër sinn, déi mir henno fierwen mussen!

Eis Kolonie besteet aus enger oofwiesslungsräicher Meschung aus aussergeweinlechen Aktivitéiten dobaussen an dobannen, Baken, flott Spiller a villem méi, alles un den Alter vun den Kanner ugepasst.

Et ass méiglech d’Kand fir d’Nuechte sichen ze kommen a moiesm an de Chalet ze bréngen.

Um Programm stinn 4 Deeg gefëllt mat flotte Schatzsichen, Spiller a Spaass an eng onvergiesslech Zäit fir déi kleng awer och genausou fir déi grouss Kanner déi nach bis zum Alter vun 12 Joer heibäi matmaache kennen. All Owend stinn verschidde Aktivitéiten souwéi: Owes-Rallye, Schatzsich, Fakelwanderung, Lies-Owend, Kanner-Theather, Kino-Séance op Leinwand a villes méi um Programm.

Eist Team vun Animateuren a mir freeën eis schon, dech op dëser flotter Kolonie begréissen ze kennen!

En savoir plus
1 / 2
Itinéraire